Och weiderhin si mer op Är generéis Mathëllef ugewisen, fir eis aktuell an zukünfteg Projekter ze finanzéieren !
Mir engagéieren eis fir den 2000 betraffenen blann a sehbehënnerten Matbierger d’Liewen duerch verschidde Servicer méi agreabel ze maachen.
Blannenheem: en Alters- a Fleegeheem fir iwwer 205 Leit.
Bieschbecher Atelier: en atelier protégé fir blann Erwuessener.
Berodung doheem: Service fir d’Leit doheem ze beroden an ze ënnerstëtzen.
Bibliothéik: 6200 Audio-Bicher.
BBF: Betreit Wunnen (12 Wunnengen)
Hëllefsmëttel: Aueren déi schwätzen,
wäiss Bengelen, Luppen asw.
Fräizäitgestaltung: Musek, Schwammen, Reiden, Ausflich, asw.