Entwicklung der Blindenbetreuung
Die
Entwicklung der Blindenbetreuung
Seit Menschengedenken lebten die Blinden ein trauriges Schicksal, weil sie wegen fehlender Arbeit kein geregeltes Einkommen hatten. Die am schlechtesten Bemittelten und Obdachlosen waren aufs Betteln angewiesen. Das Leben des „Blannen Theis“ soll nur ein typisches Beispiel dafür sein.
Dieser Zustand besserte sich, als im Jahre 1900 die Schwestern der Heiligen Elisabeth in Berburg die „Blindenanstalt“ gründeten. Hier leisteten die Ordensfrauen während 75 Jahren auf schulischem, erzieherischem und menschlichem Niveau hervorragende Arbeit. Während dieser Zeit wurden die traditionellen Blindenberufe wie Korbmacher, Bürstenmacher, Stuhlflechter… hier gelehrt und in der Werkstatt ausgeübt; sie trugen teilweise zum Lebensunterhalt bei. Maschinelle Fertigung und moderne Blindenberufe wie Telefonist, Stenotypist und, in den letzten Jahren zunehmend Computerarbeitsplätze, haben diese Berufe immer mehr verdrängt. Zurzeit wohnen nur noch einige Blinde in Berburg.
Um dieser Entwicklung Rechnung zu tragen, wurde im Jahre 1975 die Blindenschule vom Staat in die „Education Différenciée“ aufgenommen, und von Berburg nach Luxemburg verlegt; das war die Gründung des „Institut pour Déficients Visuels“. Augenblicklich wird die Beschulung der blinden Kinder weitest möglich auf integrativer Basis durchgeführt. Um die Jahrhundertwende entwickelten sich in unseren Nachbarländern nach und nach Selbsthilfegruppen unter dem Namen „Blindenvereinigung“, „Blindenbund“, „Association des Aveugles“.
Vor allem nach dem ersten Weltkrieg verstärkte sich diese Bewegung durch eine große Zahl Kriegsblinder, Umstand welcher sich im zweiten Weltkrieg noch einmal wiederholen sollte. Bei uns dauerte es bis 1955 als eine Handvoll Blinder, dem Ausland folgend, die „Association des Aveugles du Luxembourg a.s.b.I.“ gründeten. Dieser Akt ist als Meilenstein in der Blindenbewegung unseres Landes zu betrachten. Die anfangs kleine Gruppe bemühte sich schnell Kontakte zu andern Blinden zu bekommen, und so entstand rasch eine stattliche Selbsthilfegruppe. Selbsthilfe war während der vergangenen 40 Jahre immer das Leitwort, und ist es auch noch heute. Ohne sehende Hilfe aber kann das nicht funktionieren, und so gründete sich im Jahre 1961 die „Canne-Blanche“, die sich als Fürsorgeverein der Blinden versteht.
Die sozialen und materiellen Verhältnisse der Blinden waren damals oft noch schlecht. Manchem wurde mit einer finanziellen Unterstützung geholfen. Hierzu mussten Geldmittel her, und so begannen anfangs der 60er Jahre die alljährlichen Hauskollekten. Eine Verwaltung musste geschaffen werden, und so entstand 1970 in Bonneweg ein „siège social“ mit Büros, einem Versammlungssaal und einer Tonbandbibliothek. Ab sofort wurde es möglich, regelmäßige Treffen „porte-ouverte“ zu organisieren.
D’Blannewiesen vu fréier bis haut
Wa mier d’Zäit zréck dréinen, eso wäit wéi d’Historiker Informatiounen kënne gin, kann é soën, dass ët zu all Zàiten blann Leit gi sinn, entweder well se blann op d’Welt koumen , oder méi spéit am Liewen blann gi sinn. Déi aner waren ëmmer dovun beandrockt, well d’Angscht selwer blann ze ginn, immens grouss war. D’Konsequenzen dovun waren jidderengem all ze gudd bekannt!
Berichter iwwer Blanner gin ët schon zu biblischen Zäiten: D’Propheten ISAAK an TOBIAS (durch Accident blann) an de SAMSON(vu Feinden geblend) – BARTHIMÄUS, vu Christus geheelt.
Bekanntste Blanner aus de Geschichtsbicher : HOMER + lëtzeburger Grofen HEINRICH IV , Papp vum Ermesinde (1182 blann gin op engem Feldzuch, a suppeche Géigenden, durch Infektioun), an JANG de BLANNEN, (1339 …Infektioun).
Bekannt ass och déi hëlleg Odilia, déi selwer blann war: sie grënnt d’Klouschter um Mont Ste Odile am Elsass.
All dëss Blanner waren wahrscheinlech gudd encadréiert – Awer déi aner ??
Bis an d’Mëttelalter gëtt et keng präzis Informatiounen iwwer eng konkret prise en charge vu Blannen.
D’Betreiung vun déne Blannen entweckelt sech no an no an 3 Etappen:
1. Etapp: Hëllef op familiärer Basis
D’Zäiten waren hart, d’égent Iwwerliewen nit secher. Durfir ware Behënnerter ausgestouss oder sech selwer iwwerlooss. Wien chance haat, hat Famill déi en mat erdurch geholl huet , oder och nach dén, dé méi débrouillard war…
Déi, déi sech selwer iwerlooss waren, hu mat Heeschen a Musek maache versicht sech derdurch ze schloen.
2. Etapp: Hëllef op caritativer Basis
Am Mëttelalter koum ët op ville Plaazen zu Klouschtergrënnungen mat HOSPIZen : Hei kruuten se Iessen an drenken, Hygiène, eng Plaz fir ze schlofen an mënschlech Betreiung. No an no och elementar medezinesch Versuergung.
Bekannste Beispill: 1240 zu Paräis Grënnung vum „Hospice des quinze-vingt“ durch den LUDWIG, den Hellegen. Do war Plaaz fir 300 Blanner iwwer 40 Joer. Et kruut 1880 eng Aeklinik an existéiert haut nach ënner dem Numm „Hôpital des Quinze-Vingt“.
3. Etapp: Hëllef op professionneller Basis
Déi organiséiert sech lues a lues vun Enn vum 18. Jorhonnert un , fir dann am 19. d’bréd Basis ze léen, op déi dann dat 20. opgebaut huet.
Sie deelt sech op an :
Et goufen verschiddentlech Manéieren, fir eng Schreft ze fannen, déi déi Blann selwer schreiwen an och liesen kënnen:
D’Punkte gin spiggelverkéiert mat engem Stëft aus déckem Pabeier arausgedreckt.
Se gouf no an no ugepasst fir Mathematik, Chimie, Musek, a Sproche wéi chinessch – fir d’lescht 1999 fir tibetanesch Schrëft.
Et goufen nach aner Schrëften, vun déne keng sech durchgesat huet , zB d’ „Klein’sche Stachelschrift“.
Berufflech stungen déi manuell Beruffer an éischter Plaaz – déi méi intellektuell koumen méi spéit, a waren op bréder Basis eréischt durch d’Entwëcklung vun der Technik méiglech.
Déi traditionnell Beruffer waren virun allem Kuerfmécher; Biischtebënner a Stullflechter.
Vun elo un haten déi blann Leit eng Ausbildung a konnten é Beruff ausüben fit hire Liewensënnerhalt ze verdëngen. Sie waren domat zwar keng geméten Hären , awer se waren nët méi op Almosen ugewissen, a sinn nët méi wéi Stoussnéckelen behandelt gin.
Op mënschlecher Basis kéint an der 2. Halschend vum 19. Jorhonnert och méi systematesch Hëllef: Déi Blann dinn sech an Selbsthilfeorganisatiounen zesummen an ët ginn no an no Blannevereenegungen gegrënnt, déi sech hirersäits spéider och an Dachverbänn organiséieren.
Dëss Organisatiounen hu verschidden Zieler, déi och haut nach gëllen:
Hei soll mëmmen eng vun dénen éischten ernimmt sin: Den 1876 gegrënnten Verein zur Förderung der Blindenbildung. Dé Veräin existéiert haut nach ënner dém selwechten Numm, a mir schaffe mat hinnen zesummen, well sie beliwweren eis mat Hëllefsmëttel, wou sie eng grouss Auswiel vun méi wéi 13oo Artikelen verkafen, déi sie zum Dél och selwer fabrizéieren.
Ze ernimmen ass och d’ „Christoffel Blindenmission“ déi säit dem Ufank vum 20. Jorhonnert weltwäit Millioune vu Blannen a Behënnerten an den Entwëcklungslänner betreit.
D’Blannewiesen zu Lëtzebuerg
Bei eis koum d’ Entwëcklung vum Blannewiesen eréischt vill méi spéit, géint Enn vum 19. Jorhonnert. Dat ass dodurch dedengt, dass eist Land vill méi kleng ass an diem entspriechend manner Blann Leit hei sinn, an parallell dozou och manner Leit do sinn, déi dat ganzt kënnen an d’Hand huelen.
Bis dohinn hun déi Blann sech esou gudd, wéi ët gung derdurch geschou. Eng vun dénen bekannte Perséinlechkéten war dén ënner dem Numm „Blannen Theis“ bekannten Mathias Schou vu Grevéimacher. Hien huet vun 1747 bis 1824 geliewt a soll op dëser Plaz stellvertriedend fir déi Blann aus der aler Zäit ernimmt gin!
Als éischt Bestriewungen, déne Blannen systematesch Hëllef ze bidden, gëllen Publikatiounen déi de Paschtouer Alexander König vu Mensduerf 1887 an de Schoulméschter Nicolas Hemmen vu Wuermeldeng 1895 eraus gin hunn.
De 14.Februar 1900 koum ént Gesetz wat d’Schaafe vun engem Blanneninstitut erméiglecht.
An dém selwechte Joër koum och d’Gesetz iwwer d’Schoulpflicht vun blanne Kanner.
D’Elisabetherine-Schwesteren, déi déi Zäit zu Berbuerg am Haaptmannsschlass eng Wéseschoul haten, goufen mat desser Arbecht beoptragt. Sie hunn 2 Schwesteren bei Strossburg an enger Anstalt ausbilde geloos an hunn nach am Oktober vu dém selwechte Joër mat der Arbecht ugefang. Et war Plaaz fir 40 Kanner.
Sie hu Braille-Schrëft, Liesen, Schreiwen, Rechnen a Musek geléiert. Handwierklecht Können hun och dozou gehéiert, well déi traditionell Beruffer waren nach Jorzengte lanng déi énzeg Méiglechkét fir Geld ze verdéngen.
Parallez zur Schoul, dat mat engem Internat verbonne war, gouf én Atelier ageriicht, wou geschafft gin ass, an dén nach bis viru kuurzem bestan huet.
No an no huet sech d’Erzéiung vun anere Behënnerten am Land organiséiert.
1973 gouf durch Gesetz d’Grondlag fir én „Institut pour Déficients Visuels“ geluecht.
Dén huet 1975 am Kader vun der „Éducation différenciée“ d’Formatioun vun déne blanne Kanner iwwerholl. Dat war dun d’Enn vun der Schoul zu Berbuerg.
Den Atelier huet nach weider bestan, mä déi Beruffer, déi do geléiert goufen, waren zënter de 50-er Joren nët méi déi énzeg:
D’technesch Entwëcklung huet de blanne Leit d’Diir fir ganz aner Beruffer opgemaach: Stenotypist an Telefonist. Esou fanne mir vun do un ëmmer méi blann Leit, déi a Verwaltungen am Büro an an der Receptioun schaffen.
Säit den 80-er a virun allem zënter den 90-er Joren hun d’Elektronik an de Computer mat alle Componente ronderëm et erméiglecht, dass é Blannen eng berufflech Formatioun wéi jidderén ka kréien, an och op der Arbecht bal all Méiglechkéten opstinn. D’Elektronik huet déne Blannen nët nëmmen an der schoul an am Beruff gehollef, mä och am alldégleche Liewen, an dat haptsächlech durch Apparaten, déi schwätzen: Aueren, Woën, Thermometeren, Haushaltsapparaten …
Um SOZIALE PLANG ass kén Ënnerschéd méi zu dénen anere Leit: Sie hun wéi jidderén hir Krankekés an hir Pensioun.
Dozou koum nach 1971 déi sougenannte Blannerent, déi vum Staat bezuelt gouf, fir déi Mehrausgaben auszegläichen, déi se wéinst hirer Behënnerung hun. Dëss gouf 1979 ënner der Bezéchnung „Allocation pour handicapés graves“ op all déi aner Behënnert ausgedehnt, an 1999 an d’ Pflegeversecherung iwwerholl.
Den 1. Juni 2003 koum dunn d’Gesetz iwwer déi berufflech Réorganisation vun dénen Handicapéierten, wou hinnen all, also och déne Blannen, eng berufflech Gläichstellung mat enger normaler Pei, wéi bei allen anere Leit, garantéiert ass.
An d’Zäit vum Ëmschwonk a vun der industrieller Entwëcklung fällt schliesslech 1955 d’Grënnung vun der Blannevereenegung.
Hei soll och un 1 blanne Vertrieder vun dëser Zäit erënnert gin: De Pierre HEIRENS, dén ënner dem Numm „Blanne Piirchen“ bakannt war. Hien huet jorzéngte laang de Leit mat senger Danzmusek Fréd gemaach, a mat senger Persoun op d’Existenz vun déne Blannen opmierksam gemach. Hien huet seng lescht Joren hei am Blannenheem verbruecht.
Déi éischt Joren huet d’Blannevereenegung méi als Veräin funktionéiert, an huet sech strukturéiert, fir dann 1964 hire Membren méi gezielt Hëllef unzebidden, wéi dat am däitsche Sproochraum ënner dem Numm „Blindenselbsthilfe“ bekannt ass.
Elo, 50 Joër no der Grënnung, stellen déi Blann nët méi esou eng homogén Populatioun dur, wéi dat fréier war, mä ët sin elo 2 däitllech Gruppen ze ënnerschéden:
Zueleméisseg é ganz grousse Grupp, vun élere Leit, déi gréisstendéls eréischt am spéidere Liewen, an dat oft am héigen Alter blann gi sin. Sie brauchen eng prise en charge, déi sech op 2 Beräicher bezidd:
Dëst ass d’Situatioun, wéi d’Blannewiesen sech de Moment présentéiert, an op déi d’Betreiuung vun déne Blannen sech agestallt huet.
Conclusioun
D’ prise en charge vun déne Blannen huet sech vun engem Zoustand vum „sech selwer iwwerlooss sin“, iwwer eng familiär Hëllef zu enger karitativer bis hin zu enger ëmmer méi professioneller Hëllef entwéckelt.
Grad dës Professionalitéit stét haut op engem Niveau, wou nëmmen e pluridisciplinären Encadrement durch spezialiséiert Beruffer déi richteg Hëllef ka bidden.

- Ausbildung a Beruff, an
- mënschlech a sozial Prise en charge
Et goufen verschiddentlech Manéieren, fir eng Schreft ze fannen, déi déi Blann selwer schreiwen an och liesen kënnen:
- Am 16. JH hun déi spuenesch Eruewerer am Peru é Viirléfer vun esou enger Schrëft fond: Schnéier vun ënnerschiddlecher Natur, Bréd an Déckt mat verschidden Zorten an Déckte vu Knied drop.
- 1780 gëtt de Valentin HAÜY (Sprochewessenschaftler) zu Paräis 1 Buch iwwer d’Erzéiung vu Blannen eraus. Dat war mat normale Buschtawen geschriwwen, déi a Relief waren.
- 1784 grënnt en eng Schoul fir Blanner – bis op universitéits-Niveau.
- An dës Zäit falen vill Schoulgrënnungen fir Blanner, zB 1800 zu London, 1806 zu Berlin, 1808 zu Wien .
- 1821 erfënnt de Charles Barbier d’ “écriture nocturne“, eng Schrëft aus 12 Punkte fir ze taaschten ( fir militäresch Zwecker, fir dass d’Zaldoten och am Däischteren kënne liesen)
- 1825 erfënnt de Louis Braille aus dëser Schreft eraus d’Punktschrft mat 6 Punkten (hien hat du grad 16 Joër). (Hie war mat 3 Joër blann gin, wéi ë mat engem Messer hantéiert huet!)
D’Punkte gin spiggelverkéiert mat engem Stëft aus déckem Pabeier arausgedreckt.
Se gouf no an no ugepasst fir Mathematik, Chimie, Musek, a Sproche wéi chinessch – fir d’lescht 1999 fir tibetanesch Schrëft.
Et goufen nach aner Schrëften, vun déne keng sech durchgesat huet , zB d’ „Klein’sche Stachelschrift“.
Berufflech stungen déi manuell Beruffer an éischter Plaaz – déi méi intellektuell koumen méi spéit, a waren op bréder Basis eréischt durch d’Entwëcklung vun der Technik méiglech.
Déi traditionnell Beruffer waren virun allem Kuerfmécher; Biischtebënner a Stullflechter.
Vun elo un haten déi blann Leit eng Ausbildung a konnten é Beruff ausüben fit hire Liewensënnerhalt ze verdëngen. Sie waren domat zwar keng geméten Hären , awer se waren nët méi op Almosen ugewissen, a sinn nët méi wéi Stoussnéckelen behandelt gin.
Op mënschlecher Basis kéint an der 2. Halschend vum 19. Jorhonnert och méi systematesch Hëllef: Déi Blann dinn sech an Selbsthilfeorganisatiounen zesummen an ët ginn no an no Blannevereenegungen gegrënnt, déi sech hirersäits spéider och an Dachverbänn organiséieren.
Dëss Organisatiounen hu verschidden Zieler, déi och haut nach gëllen:
- verbesseren vum Problem vun der Diskriminéierung
- Ofschaafen vun der Bevormundung vun déne Blannen
- Hir berufflech a sozial Interesse vertrieden
Hei soll mëmmen eng vun dénen éischten ernimmt sin: Den 1876 gegrënnten Verein zur Förderung der Blindenbildung. Dé Veräin existéiert haut nach ënner dém selwechten Numm, a mir schaffe mat hinnen zesummen, well sie beliwweren eis mat Hëllefsmëttel, wou sie eng grouss Auswiel vun méi wéi 13oo Artikelen verkafen, déi sie zum Dél och selwer fabrizéieren.
Ze ernimmen ass och d’ „Christoffel Blindenmission“ déi säit dem Ufank vum 20. Jorhonnert weltwäit Millioune vu Blannen a Behënnerten an den Entwëcklungslänner betreit.
D’Blannewiesen zu Lëtzebuerg
Bei eis koum d’ Entwëcklung vum Blannewiesen eréischt vill méi spéit, géint Enn vum 19. Jorhonnert. Dat ass dodurch dedengt, dass eist Land vill méi kleng ass an diem entspriechend manner Blann Leit hei sinn, an parallell dozou och manner Leit do sinn, déi dat ganzt kënnen an d’Hand huelen.
Bis dohinn hun déi Blann sech esou gudd, wéi ët gung derdurch geschou. Eng vun dénen bekannte Perséinlechkéten war dén ënner dem Numm „Blannen Theis“ bekannten Mathias Schou vu Grevéimacher. Hien huet vun 1747 bis 1824 geliewt a soll op dëser Plaz stellvertriedend fir déi Blann aus der aler Zäit ernimmt gin!
Als éischt Bestriewungen, déne Blannen systematesch Hëllef ze bidden, gëllen Publikatiounen déi de Paschtouer Alexander König vu Mensduerf 1887 an de Schoulméschter Nicolas Hemmen vu Wuermeldeng 1895 eraus gin hunn.
De 14.Februar 1900 koum ént Gesetz wat d’Schaafe vun engem Blanneninstitut erméiglecht.
An dém selwechte Joër koum och d’Gesetz iwwer d’Schoulpflicht vun blanne Kanner.
D’Elisabetherine-Schwesteren, déi déi Zäit zu Berbuerg am Haaptmannsschlass eng Wéseschoul haten, goufen mat desser Arbecht beoptragt. Sie hunn 2 Schwesteren bei Strossburg an enger Anstalt ausbilde geloos an hunn nach am Oktober vu dém selwechte Joër mat der Arbecht ugefang. Et war Plaaz fir 40 Kanner.
Sie hu Braille-Schrëft, Liesen, Schreiwen, Rechnen a Musek geléiert. Handwierklecht Können hun och dozou gehéiert, well déi traditionell Beruffer waren nach Jorzengte lanng déi énzeg Méiglechkét fir Geld ze verdéngen.
Parallez zur Schoul, dat mat engem Internat verbonne war, gouf én Atelier ageriicht, wou geschafft gin ass, an dén nach bis viru kuurzem bestan huet.
No an no huet sech d’Erzéiung vun anere Behënnerten am Land organiséiert.
1973 gouf durch Gesetz d’Grondlag fir én „Institut pour Déficients Visuels“ geluecht.
Dén huet 1975 am Kader vun der „Éducation différenciée“ d’Formatioun vun déne blanne Kanner iwwerholl. Dat war dun d’Enn vun der Schoul zu Berbuerg.
Den Atelier huet nach weider bestan, mä déi Beruffer, déi do geléiert goufen, waren zënter de 50-er Joren nët méi déi énzeg:
D’technesch Entwëcklung huet de blanne Leit d’Diir fir ganz aner Beruffer opgemaach: Stenotypist an Telefonist. Esou fanne mir vun do un ëmmer méi blann Leit, déi a Verwaltungen am Büro an an der Receptioun schaffen.
Säit den 80-er a virun allem zënter den 90-er Joren hun d’Elektronik an de Computer mat alle Componente ronderëm et erméiglecht, dass é Blannen eng berufflech Formatioun wéi jidderén ka kréien, an och op der Arbecht bal all Méiglechkéten opstinn. D’Elektronik huet déne Blannen nët nëmmen an der schoul an am Beruff gehollef, mä och am alldégleche Liewen, an dat haptsächlech durch Apparaten, déi schwätzen: Aueren, Woën, Thermometeren, Haushaltsapparaten …
Um SOZIALE PLANG ass kén Ënnerschéd méi zu dénen anere Leit: Sie hun wéi jidderén hir Krankekés an hir Pensioun.
Dozou koum nach 1971 déi sougenannte Blannerent, déi vum Staat bezuelt gouf, fir déi Mehrausgaben auszegläichen, déi se wéinst hirer Behënnerung hun. Dëss gouf 1979 ënner der Bezéchnung „Allocation pour handicapés graves“ op all déi aner Behënnert ausgedehnt, an 1999 an d’ Pflegeversecherung iwwerholl.
Den 1. Juni 2003 koum dunn d’Gesetz iwwer déi berufflech Réorganisation vun dénen Handicapéierten, wou hinnen all, also och déne Blannen, eng berufflech Gläichstellung mat enger normaler Pei, wéi bei allen anere Leit, garantéiert ass.
An d’Zäit vum Ëmschwonk a vun der industrieller Entwëcklung fällt schliesslech 1955 d’Grënnung vun der Blannevereenegung.
Hei soll och un 1 blanne Vertrieder vun dëser Zäit erënnert gin: De Pierre HEIRENS, dén ënner dem Numm „Blanne Piirchen“ bakannt war. Hien huet jorzéngte laang de Leit mat senger Danzmusek Fréd gemaach, a mat senger Persoun op d’Existenz vun déne Blannen opmierksam gemach. Hien huet seng lescht Joren hei am Blannenheem verbruecht.
Déi éischt Joren huet d’Blannevereenegung méi als Veräin funktionéiert, an huet sech strukturéiert, fir dann 1964 hire Membren méi gezielt Hëllef unzebidden, wéi dat am däitsche Sproochraum ënner dem Numm „Blindenselbsthilfe“ bekannt ass.
Elo, 50 Joër no der Grënnung, stellen déi Blann nët méi esou eng homogén Populatioun dur, wéi dat fréier war, mä ët sin elo 2 däitllech Gruppen ze ënnerschéden:
Zueleméisseg é ganz grousse Grupp, vun élere Leit, déi gréisstendéls eréischt am spéidere Liewen, an dat oft am héigen Alter blann gi sin. Sie brauchen eng prise en charge, déi sech op 2 Beräicher bezidd:
- engersäits déi spézifisch Hëllef wat d’Blannheet ugét
- an anerersäits alles wat d’Problematik vum Alter betrëfft