INTERNATIONAL LOW VISION SONG CONTEST

E Must fir all Museksfans: Wien representéiert Däitschland am International Low Vision Song Contest (#ILSC), deen neie Concours fir Museker mat enger  Séibeanträchtigung!? 🎵 Déi däitsch Virronn gëtt dëse Freideg, de 7. Mee 2021 vu 19 Auer live iwwerdroen. Dir kënnt Är Favoritten aus insgesamt 15 Lidder wielen andeems Dir online ofstëmmt. De Gewënnertitel vertrëtt …

JOURNÉE MONDIALE DU SOLEIL ☀️

Haut feiere mir d’Sonn, eis Quell vun Liicht, Energie a Freed! Déi positiv Auswierkunge vum Sonneliicht op de Kierper si vill: 🤗Puer Minutte an der Sonn verbesseren wesentlech d’Wuelbefannen a kenne hëllefe verschidde Krankheeten ze vermeiden. 😁D’Sonn stimuléiert d’Gehier fir eis Produktioun vu Vitaminn D a Serotonin (Gefill vu Gléck a Wuelbefannen). 💪Duerscht d’Produktioun vu …

MEE WEEKEND – TRADITIOUN

Den 1. Mee, wou an der Mythologie de Sonnegott sech mat der Moundgöttin bestuet huet, nodeems en sech mat de Wanterriesen em seng Bräitchen gestridden huet, ass zu Lëtzebuerg eng fest ageplangten Traditioun; déi vum Meekranz an dem Ëmzuch duerch Duerf. Dëst Joer ass dat eng weider Kéier net méiglech. Dofir hunn eis Bewunner op …

GEMEINSAM GEBUERTSDAGSFEIER

Fir dest Joer war et Ënn Abrëll di éischt gemeinsam Geburtsdagsfeier fir Matbewunner a Leit aus der Résidence vum CIPA- Blannenheem. Am festlich mat Loftballons gerëschtem Saal a schéi gedeckten Dëscher huet den Generaldirekter Christian Erang zesummen mam Generaldirekter- adjoint Thierry Lutgen an hirem Team allen 41 Gebuertsdagskanner vun de Méint Mäerz an Abrël am …

EE MERCI – NET NËMMEN UM WELT-SEKRETÄRINNEN-DAG

EE MERCI – NET NËMMEN UM WELT-SEKRETÄRINNEN-DAG « Zouverlässeg, matdenken, schnell nach eppes dertëschent matmaachen, all Eck vum Betrib kennen, dem Chef de Réck frei halen », sinn dat net och déi Gedanken déi iech duerch de Kapp gi, wann der un d’Sekretariat denkt? Enn Abrëll ass all Joer déi Zäit fir extra un d’Mataarbechter am Sekretariat …

PLANZT IECH FITT FIR DE SUMMER

Dir wëllt nach virum Summer eng Blummewiss uleeën an zur Biodiversitéit beidroen? Da profitéiert nach vum Abrëll! Dee richtigen Soom fannt der bei eis am Bierschbecher Atelier. Kommt laancht! Mir sin op vun Méindes bis Freideg: 09.00 – 16.00 Auer.  Oder kontaktéiert eis per E-mail : bieschbecher.atelier@flb.lu oder per Tel.: 32 90 31 – 575

WELTGESONDHEETSDAG

Fir d’ Gesondheet vun eisen Awunner ze garantéieren, hunn mir eis beim Impfen engagéiert. Fir zesummen dëse Virus ze bekämpfen deen eis zënter méi wéi engem Joer ëmginn huet, sinn ronn 95 % vun eise Bewunner a scho 71 % vun eisem Personal géint de COVID-19 geimpft. Dofir gëllt nach ëmmer: Mir sinn geimpft, an …

OUSCHTEREN AM BLANNENHEEM

Nodeems d’Kanner aus der Crèche den Ouschterweekend agelaut hunn beim klibberen, sinn eis Bewunner um Sonndeg vun eiser Kichenequipe verwinnt gi. Déi zefridde Gesichter drécken dat nach besser aus.