EE MERCI – NET NËMMEN UM WELT-SEKRETÄRINNEN-DAG

EE MERCI – NET NËMMEN UM WELT-SEKRETÄRINNEN-DAG

« Zouverlässeg, matdenken, schnell nach eppes dertëschent matmaachen, all Eck vum Betrib kennen, dem Chef de Réck frei halen », sinn dat net och déi Gedanken déi iech duerch de Kapp gi, wann der un d’Sekretariat denkt?

Enn Abrëll ass all Joer déi Zäit fir extra un d’Mataarbechter am Sekretariat ze denken an MERCI ze soen fir hiert Engagement dat ganzt Joer iwwer.

Mir hunn hinnen de Moien Merci gesot fir hier Aarbecht. Profitéiert och dir dervun, wann der eisem Sekretariat begéint, ären MERCI ze soen fir hier Aarbecht, hiert Engagement an hier Disponibilitéit fir iech all Dag wann der bei eis an d’Haus kommt.

Merci Marie-France, Monique, Rita a Sarah!