MIR WËNSCHEN ALL DE KANNER A JUGENDLECHER E SCHÉINE RUTSCH AN DEN SUMMER!

D’Vakanz fänkt fir Sie haut offiziell un! Op een déi lo hei verbréngt mat flotten Aktivitéiten oder éischter op der Plage an da waarmer Sonn, soll een all Moment genéissen no dësem ustrengenden Schouljoer ! Genéisst also Är Zäit mat Ärer Famill a Frënn ! 👨‍👩‍👧‍👦 Mir erënneren Iech dass d’Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung och eng …

ENTDECKT EIS AUDIOBIBLIOTHÉIK !

Mat méi wéi 6.800 CDen, empfänkt eis Bibliothéik net nëmmen d’Bewunner vun da Fondatioun, mee och all déi sehbehënnert Leit déi zu Lëtzebuerg wunnen. D’Wierker goufen deelweis vu fräiwëllege Lieser opgeholl a gi gratis un all eis Clienten zur Verfügung gestallt, mat inklusiv de Prêt vun engem CD Lieser. Dir hutt Froen oder eng speziell …

Porte à Porte laafen

Am Moment sin Oneierlecher ennerwee a gin sech als Quêteuren vun der Blannevereenegung aus. Mir hun am Moment keng Spedenaktioun oder Porte à Porte laafen.

EURO 21 fir all

D’RTBF hat haut de Kevin op Besuch fir Fussball fir Blann a Séihbehënnert Leit an der Belge vierzestellen. Flott Initiativ vun der RTBF.    

MAMMENDAG

« Weess du haut ass Mammendag, dofir hunn ech dëst fir dech gemaach », esou wär et de Moien op esou munchen Kaffisdëscher klengen wann eis Kanner aus der Crèche hiren Mammen wënschen. Eise Bierschbecher Atelier huet déi ganz Woch flott Bouquet’en preparéiert déi doheem bei iech wäerten ville Mammen eng grouss Freed maachen. An och bei …

INTERNATIONALEN INFIRMIÈREN DAG!

Infirmièren haten ëmmer eng primär Roll an eiser Gesellschaft. D’Gesonheets-Kris huet hinnen d’liewen leider net méi einfach gemaach, mee d’Wichtegkeet vun hirem Beruff ass ronderëm d’Welt ëmsou méi unerkannt an applaudéiert ginn ! Haut wëllen mir och hei bei der Fondation eisen Infirmièren an Infirmier‘en MERCI soen fir hiren Engagement an hir Leidenschaft fir den …

VILLMOOLS MERCI FIR ÄR VISITE AN ËNNERSTËTZUNG!

Eise Fréijoersmaart um Samschdeg 8. Mee war dank Ärer Participatioun e richtege Succès! Mir ware richteg frou Iech konnte ze begréissen (no Corona-Reegelen) an Iech eis Kreatiounen🎨 an saisonal Blummen💐 vun eisem Atelier virzestellen. Dir hutt eisen Fréijoersmaart verpasst ? Kommt an eis Geschäft vum Bieschbecher Atelier SARL laanscht, op der 47, rue de Luxembourg …

WELT HAND-HYGIÈNE DAG!

Bei eis an der Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung ass d’Hygiène eng Prioritéit ! An och ouni Virus an der Loft, bleift d’Hand-Hygiène immens wichteg fir d’Gesondheet. Vergiesst net : Wäscht är Hänn, Bleift Gesond 🤲🧼 Mir wënschen Iech domat nach en schéinen Dag !