MAMMENDAG

« Weess du haut ass Mammendag,

dofir hunn ech dëst fir dech gemaach »,

esou wär et de Moien op esou munchen Kaffisdëscher klengen wann eis Kanner aus der Crèche hiren Mammen wënschen.

Eise Bierschbecher Atelier huet déi ganz Woch flott Bouquet’en preparéiert déi doheem bei iech wäerten ville Mammen eng grouss Freed maachen.

An och bei eis am CIPA-Blannenheem gin är Mammen de Moien mat engem schéinen Cadeau aus dem Seefenatelier iwwerrascht.

Haut féiere mer hei zu Lëtzebuerg all d’Mammen, déi jonk a manner jonk, a mir denken och un déi Mammen déi net méi do sinn, an awer nach ëmmer an eisen Häerzer eis Mamm bleiwen.

D’Fondatioun wënscht iech alles Guddes dir léif Mammen.