Et huet sech villes verännert am Rollenger Blannenheem

Virun engem Joer gouf et am Rollenger Blannenheem e Wiessel um Niveau vun der Direktioun.

Sait deem huet sech villes verännert am Rollenger Blannenheem.

De Generaldirekter Christian Erang am RTL-Interview.

 

Am Blannenheem wunnen eng 170 eeler Leit. D’Fondatioun Lëtzebuerger Blannevereenegung beschäftegt ronn 300 Mataarbechter.

Virun engem Joer gouf et am Rollenger Blannenheem e Wiessel um Niveau vun der Direktioun. Et war d’Konsequenz vu Reprochen, déi eng Rei Bewunner a Familljemembere géint d’Institutioun an den deemolege Generaldirekter vum Blannenheem, Jean-Paul Grün, formuléiert haten. Et goung riets vun engem Manktem u Mënschlechkeet, vun enger Atmosphär, wéi am Prisong a Pensionnairen, déi als Objete behandelt goufen.

1 Joer no den negative Reprochen huet sech villes am CIPA verännert. D’Awunner sinn zu 100% geimpft, an den Taux de vaccination beim Personal läit bei bal 90%. D’Leit hunn nees méi Fräiheeten, et gouf an d’Moderniséierung vun der Informatik, dem Restaurant an den Zëmmeren investéiert an d’Stëmmung am Haus wierkt gutt.

Visiten am CIPA si mat negativem Schnelltest nees méi dacks méiglech, grad ewéi Familljeniesse baussen a bannen an d‘Bewunner brauchen all keng Maske méi.

Se schénge sech beim Personal an dem neie Generaldirekter, Christian Erang, gutt opgehuewen ze fillen.

De Christian Erang, deen dat lescht Joer als dat schwéierst an intensiivst Joer beschreift, dat d’Fondatioun Blannevereenegung erlieft hätt, huet no 6 Méint op sengem neie Posten, säi Kontrakt ëm 1 Joer, bis Enn 2021 verlängert. Ënnert senger Leedung goufen iwwert di lescht Méint ronn 1,2 Milliounen Euro investéiert.

Deemnächst soll nach d’Crèche, déi zur Fondatioun gehéiert zu enger Naturcrèche ëmgewandelt ginn. An deem Kontext sollen d’Spillplaz an d‘Terrainen hannert dem CIPA speziell amenagéiert ginn.

Et wier awer och néideg gewiescht den Organigramme vun der Fondatioun ze restrukturéieren, seet de Christian Erang, fir den Erausfuerderunge vun der Zukunft gerecht ze ginn. Et wiere 6 nei, wichteg Poste geschafe ginn, dorënner dee vum Directeur général adjoint.

De Christian Erang wëll dem Verwaltungsrot an den nächste Méint e Projet de transition virstellen. Hie wëll zukünfteg net méi sou intensiv am operationelle Geschäft fir d’Fondatioun schaffen, hir awer weider als Consultant zur Säit stoen.

Am Blannenheem wunnen eng 170 eeler Leit. D’Fondatioun Lëtzebuerger Blannevereenegung beschäftegt ronn 300 Mataarbechter.