Impfbus zu Bieschbech – 4. August 2021

Haut de Metteg huet d’Generaldirektioun vun der Fondatioun d’Madame Familjeministesch Corinne Cahen beim Impfbus zu Bieschbech um Parking vum Blannenheem empfangen. D’Madam Minister huet nach mol op d’Wichtegkeet vun der Impfung opmierksam gemeet an d’Leit encouragéiert sech impfen ze lossen.

Och eis Directrice des Soins huet nachmol den Appel fir sech impfen ze lossen gemach.